المدة الزمنية 3:59

Yogatime: Yogacouren zu Schwebach & Online Yoga Videos fir doheem

411 مشاهدة
0
15
تم نشره في 2019/12/22

Namasté, mäi Numm ass Christine an ech si säit 2010 ausgebilden a passionnéiert Yogaléierin. Meng Coure si Stil Vinyasa Yoga wéi een en och um Video gesäit. Ech proposéieren lues Flowen an och e besse Yin Yoga, oder ech kombinéieren och mol déi verschidden Stiler matenee. Entschleunegen statt beschleunegen heescht et (de Video dauert réell 25 Minuten:). Akrobatesch Asanas wéi Handstand asw hu keng Plaz a menge Couren, wat deen een oder aneren Challenge awer net ausschléisst;) Ech gi präzis Uweisungen wat d'Ausféiere vun de Postüren ugeet an och während de Gruppecouren sur place leën ech éischter seelen Hand un fir z'ajustéieren. Jidderee soll souwäit goën wéi en et selwer spiert. Ech leën vill Wert op d'Philosophie vum Yoga a bannen des Aspekter a meng Couren an, sie sinn sou ze soën de roude Fuedem deen duerch de Cours leed. Yoga kann een iwerall machen, awer fir eng reegelméisseg Praxis fannen ech et wichteg wann och de Raum, d'Ambiance an d'Musek stëmmt, an dofir suergen ech wanns du bei mech kenns:) Ech bidden ab September 2022 Yoga Couren an engem neie Yogaraum zu Schwebach un. Op Youtube ass et eng Videothéik mat iwwer 40 Couren fir matzemachen. *** Wanns du Loscht hues méi gewuer ze ginn dann kuck och op *** www.yogatime.lu oder op facebook : fb.me/yogatime.christine . An du kanns mech iwwert yogatime.christine@gmail.com uschreiwen. Mat léiwe Gréiss, Christine

الفئة

عرض المزيد

تعليقات - 0